Wine, Taste, Enjoy – De Päischtweekend ass de Weekend vun den oppene Kellereien op der ganzer Musel.
Op Péngschte lueden d’Wënzer, d’Kellereien an d’Brennereien op den allsäits beléiften “Wine Taste, Enjoy” an hire Kelleren, Gäert an Terrassen an. Net nëmmen Degustatioune vun de beschte Miseler Wäiner a Cremanten an Drëppen, mä och geféiert Visiten, Musek, Konschtausstellungen, Liesungen a kulinaresch Spezialitéite gehéieren zum traditionelle Wine Taste Enjoy dobäi. De Wine Taste Enjoy ass dat perfekt Event fir e flotten Dag mat Kollegen op der Musel ze verbréngen an esou d’Regioun besser kennen ze léieren.
Alles ronderëm d’Spill fir déi ganz Famill mat flotten Aktivitéiten fir Kleng a Grouss
D’Aktioun Weltspilldag gëtt zanter ville Jore vun der Erzéiungs- a Familljeberodung vun AFP-Solidarité-Famille, zesumme mat hire Partner, organiséier mam Zil iwwert d’Bedeitung vum zesume Spillen an der Famill opmierksam ze maachen an esou e flotten Austausch an d’Kommunikatioun tëscht de Familljememberen ze ënnerstëtzen.
Hei kritt Dir Ureegungen an Iddien fir an der Famill nei Spiller ze probéieren oder aler nei ze entdecken!
Bei der „Weinzeit“ kënnt Dir d’Wäiner a Crémant vu verschiddene Wënzer aus der Regioun probéieren.
D’ “Wäifoire” ënner fräiem Himmel – erlieft e relaxen Owend ënner Frënn an enger eenzegaarteger Ambiance!