De Syndicat d’Initiative ass responsabel fir eng ganz Rei touristesch Aktivitéiten am Laf vum Joer zu Réimech. D’Haaptaufgab läit an der Promotioun vun der Stad an d’Visiteuren op Réimech ze zéien.
Fir dëst ze erméiglechen, leed de Syndicat grousse Wäert op de Service um Client. Sief dat d’äntferten op divers Ufroen, d’erausgi vu Renseignementer oder den direkten Accueil vu Visiteuren. Weiderhinn organiséiert de Syndicat während der touristescher Saison eng Rei Manifestatiounen, déi Réimech iwwer déi lescht Jore geprägt hunn, wéi zum Beispill den Oldtimer Treff den zweete Sonndeg am Juli, dat bekannte Bacchusfescht de 15. August oder am Wanter de Kleeschen um Schëff.
Eng vun den Haaptattraktiounen vu Réimech ass de Mini-Golf direkt un der Esplanade. Dësen ass ee vun de gréissten aus der Groussregioun a gëtt vum Syndicat d’Initiative geréiert. Zënter 2009 gehéiert och d’Mini-Cars Piste dozou an zënter Abrëll 2016 huet de Mini-Golf Komplex eng weider Attraktioun: e fräistoende Krunn als Sprangbuer. Dëse Krunn ass zënter senger Mise en Service schonn dausende Mol fotograféiert ginn.
President vum Syndicat ass de Luc Thillmann, Secrétaire d’Martine Funck.