Besicht d'Stad Réimech
Réimech, Pärel vun der Musel
Réimech – d’Pärel vun der Musel – ass eng kleng touristesch Stad op der europäescher Strooss am Dräilännereck tëscht Lëtzebuerg, Frankräich an Däitschland. De wonnerschéine Panorama vu Wéngerten a Bëscher ëmkreest d’Stad wéi en Amphitheater.
Laanscht de Bord vun der Musel féiert eng 3 km laang Promenade mat Bierken a Kiischtebeem, déi méi wéi nëmmen invitéiert fir en Tierchen ze flanéieren! Gemittlech Terrassen, Wäi schmaache bei engem Wénzer, en Tour mam Schëff… Réimech bitt vill Aktivitéite fir jiddereen!