Sport a Fräizäit
-
Tour mam Schëff
Während der Summerzäit bidden d'Schëffer vun Navitours an der Entente Iech kulinarsch an thematesch Soiréeën un. Ausserdeem kënnt Dir bei engem Tiirchen um Schëff am Dag dee wonnerschéine Muselpanorama genéissen. Loosst Iech dës Geleeënheet net entgoen!
Ëffnungsperiod
Abrëll - September -
Schwämm
Sech bei guddem Wierder ofkillen oder sech mat e puer Längte fit halen, heifir eegent sech perfekt déi oppe Schwämm zu Réimech.
Ëffnungsperiod
13.05 – 15.09.2022 -
Spazéier- a Wanderweeër
Et gëtt näischt méi Scheines wéi Réimech ze Fouss ze entdecken. Ob duerch de Bësch, d'Wéngerten oder laanscht d'Musel iwwert d'Esplanade; all eis Spazéier- a Wanderweeër bidden Iech nierft schéinen Aussichten och vill Plaz fir ze entspanen an ze relaxéieren un. All d'Spazéier- an d'Wanderweeër starten all um Parking ënnert der Bréck virun der Tourist Info.
Ëffnungsperiod
D'ganz Joer iwwer -
Mini-Golf & Mini-Cars
Eng modern, 18-Lach Minigolf-Anlag, esou wéi eng 250-Meter laang Rennstreck mat klenge Scooteren, ënnerhalen d'ganz Famill.
Ëffnungsperiod
Weider Informatiounen an Ëffnungszäiten op siremich.lu. -
Vëlo fueren
A kierzter Zäit sou vill wéi méiglech vu Réimech erliewen, geet am beschte mam Vëlo. Ob laanscht d'Musel, duerch déi charmant Gaassen, duerch de Bësch oder duerch d'Wéngerten, erlieft d'Villsäitegkeet vu Réimech op 2 Rieder!
Ëffnungsperiod
D'ganz Joer iwwer -
Spillplazen
Och fir d'Kanner gëtt et vill zu Réimech ze entdecken, zum Beispill d'Spillplazen am Parc Brill an op der Esplanade.
-
Petanque
Réimech huet zwee Petanque Terrainen – ee bei der Schwämm an een um Minigolf
Ëffnungsperiod
D'ganz Joer iwwer -
Skate & Parkour
Skate a Parkour Park Réimech
Ëffnungsperiod
D'ganz Joer iwwer -
Schatzjuegd fir Kanner
Schatzjuegd duerch den Dräiläennereck – Entdeck eis Regioun a sammel all d'Stempelen!
Ëffnungsperiod
Bis de 15. September