Gravel Festival

Den 3. a 4. Oktober steet Réimech ganz am Zeeche vum Gravel-Vëlo!
3. Oktober: Open Gravel Ride – eng net-kompetitiv Tour duerch Wéngerten, Bëscher an déi schéi Landschaft ronderëm Réimech.
4. Oktober: Gravel Festival Race mat zwou Distanzen

Déi 2 Deeg : Festival Village mat lokalen Aussteller, Iessen a Wënzerstänn

Méi Infos an Umeldung op gravelfestival.lu

Iessowend mat Danzmusek

D’Réimecher Musek invitéiert op e “Musikalescht Iessen” mam Orchester “Undercover”.

Entrée: ab 17:30Auer | Iessen: ab 18:30 Auer

Menu:

– Bouchée à la reine mat Fritten/Räis an Zalot

– Ham, Fritten an Zalot

– op Ufro och vegan oder vegetaresch

Reservatioun:

Iwwer Telefon um (+352) +621 488 444 bis spéitstens den 26.09.2026

Crémant a Kultur Festival | 20. Editioun

All Joers op Kiermessonndeg begréisst d’Stad Réimech Iech op hirem traditionelle  Crémant und Kultur Festival. Nieft enger “Kirmes wéi fréier“ stelle sëllech Kënschtler hir Wierker fir de Verkaf aus.

Programm:

  • Food corner mat lokalem Wäin a Crémant
  • Verkaafststänn
  • Animatioun fir Kanner
  • Kirmes wéi fréier
  • Concerte:
    7 Moukekingen 11:00-12:30
    Tascha 13:00-15:00
    Moselland Kapelle Wincheringen 16:00-18:00

 

Open-Air Kino | Bridget Jones – Mad about the boy

Erlieft zesumme mat Famill a Frënn e puer gemittlech Stonnen ënner fräiem Himmel !

Bridget Jones – Mad about the boy

Ënnerstëtzt vum Shazzer, Jude an Tom, hirer Aarbechtskolleegin Miranda, hirer Mamm souwéi hirer Gynäkologin Dr. Rawlings, stierzt sech d’Bridget nees an d’Aarbecht a fänkt un, erëm méi aktiv um Liewen deelzehuelen.

Wéi si probéiert, Beruff, Famill a Léift ënner een Hutt ze kréien, gesäit si sech geschwë mat allerlee Erausfuerderunge konfrontéiert. Sou muss si sech net nëmme géint d’Virurteeler vun de vermeintlech perfekte Mammen an der Schoul behaapten, mee och mat den Avancë vun engem däitlech méi jonke Mann ëmgoen an eng Rei peinlech Treffe mam iwwerrationalen Naturwëssenschaftsenseignant vun hirem Jong iwwerstoen.

Mee d’Bridget Jones wier net d’Bridget Jones, wann si all dës Hürden net op hir chaotesch, awer charmant Aart a Weis géif meeschteren.

** Sprooch: EN | Ënnertitelen: FR / DE

Gratis Entrée | Iessen & Gedrénks sur Place

Schlecht Wieder ?
Kee Problem, de neien Iwwerdaach suergt dofir, dass jiddereen dréche bleift!

Open-Air Kino | Pumuckl und das große Missverständnis

Erlieft zesumme mat Famill a Frënn e puer gemittlech Stonnen ënner fräiem Himmel!

Pumuckl an dat grousst Mëssverständnis, e Film fir d’ganz Famill:

Beim Meeschter Eder ass all Dag eppes lass, well a senger Schräinerei lieft de klenge Pumuckl, e virwëtzegen a lëschtege Kobold, dee gären Dommheete mécht.

Mat enger Schildkröt, engem Ausfluch op d’Land an och nach dem Gebuertsdag vum Noper Burke geet et dëse Summer beim Eder a Pumuckl drënner an driwwer. Do feelt just nach e grousst Mëssverständnis, dat op eemol all Bedeelegt virun eng schwéier Prouf stellt.

** Sprooch: däitsch | Ënnertitelen: franséisch

Gratis Entrée | Iessen & Gedrénks sur Place

Schlecht Wieder ?
Kee Problem, de neien Iwwerdaach suergt dofir, dass jiddereen dréche bleift!