Jurassic Expo | Entdeckt d’Welt vun den Dinosaurier

Jurassic Expo zu Réimech – Entdeckt d’Welt vun den Dinosaurier

Plaz: Parkplaz Piscine

Datum & Auerzäit:
25.03 | 15:00-17:00
26.03 | 16:00-18:00
28.03 | 15:00-17:00

Präis: Erwuessener 10 € | Kanner 10 € (Ticketverkaf sur Place, Bezuelung mat Scheck oder Borgeld, keng Bezuelung mat Kaart)

Programm:

  • Rekonstruktioun vun Dinosaurieren XL
  • Blue vélociraptor Spill
  • Dino Quiz mat Diplom
  • Geféierten Tour mat Erkläerungen
  • Animatronic Show
  • Selfie mat den Dinosaurier
  • Nei: virtual Reality Helm 3D

Facebook: Expo Jurassic

Wine Taste Enjoy

Wine, Taste, Enjoy – De Päischtweekend ass de Weekend vun den oppene Kellereien op der ganzer Musel.

Op Péngschte lueden d’Wënzer, d’Kellereien an d’Brennereien op den allsäits beléiften “Wine Taste, Enjoy” an hire Kelleren, Gäert an Terrassen an. Net nëmmen Degustatioune vun de beschte Miseler Wäiner a Cremanten an Drëppen, mä och geféiert Visiten, Musek, Konschtausstellungen, Liesungen a kulinaresch Spezialitéite gehéieren zum traditionelle Wine Taste Enjoy dobäi. De Wine Taste Enjoy ass dat perfekt Event fir e flotten Dag mat Kollegen op der Musel ze verbréngen an esou d’Regioun besser kennen ze léieren.

Spendelaf vun de Réimecher Schoulkanner

Spendelaf vun der Réimecher Grondschoul op der Esplanade.

Kommt laanscht an ënnerstëtzt d’Kanner bei dëser flotter Initiativ!

D’Donen gin gespennt u verschidden Associatiounen.

Weltspilldag

Alles ronderëm d’Spill fir déi ganz Famill mat flotten Aktivitéiten fir Kleng a Grouss

D’Aktioun Weltspilldag gëtt zanter ville Jore vun der Erzéiungs- a Familljeberodung vun AFP-Solidarité-Famille, zesumme mat hire Partner, organiséier mam Zil iwwert d’Bedeitung vum zesume Spillen an der Famill opmierksam ze maachen an esou e flotten Austausch an d’Kommunikatioun tëscht de Familljememberen ze ënnerstëtzen.

Hei kritt Dir Ureegungen an Iddien fir an der Famill nei Spiller ze probéieren oder aler nei ze entdecken!

 

Nuit du Sport

Dëst Joer mécht Réimech bei der Nuit du Sport mat!

An Zesummenaarbecht mat der Gemeng Schengen fënnt d’Nuit du Sport vun deenen 2 Gemengen dëst Joer bei der Schwämm zu Réimech statt.

Weider Informatioune komme no.

Draachebootfestival

Den Draachebootfestival ass vum Chineesesche Kulturzenter an Euro-Asie organiséiert, mat der Ënnerstëtzung vun der Stad Réimech.

Lokal Veräiner, Universitéiten an aner Organisatiounen aus Lëtzebuerg maache mat. Donieft kënnt dir déi chineesesch Kultur bei traditioneller Volleksmusek, Dänz, Kung-Fu an Tai-Chi Virféierungen, grad wéi och traditionelle chinesche Platen besser kenne léieren.

Gratis Entrée.

I3 Festival

Um Samschdeg, den 9. Mee 2026, organiséiert den Dräilännereck mat sengen 12 i³-Gemenge fir déi 3. Kéier de grenziwwerschreidenden Festival³!

Ronderëm Apach-Perl-Schengen-Muselbréck, am Zentrum vum DE-FR-LU-Dräilännereck, erwaarden Iech Museker, Kënschtler a verschidde Stänn mat Iessen, Gedrénks, Handwierksaarbechten an Informatiounen. Fir den Europadag ze feieren, presentéieren Associatiounen, Wënzer an d’Awunner vun den 12 Gemengen, wat d’Regioun ze bidden huet.

Den Entrée ass gratis.

Erlieft den Dräilännereck mat all senge kulinareschen a musikalesche Facetten!

1. Mee | Meekranz bannen

Verschidde Veräiner bedeelege sech um traditionnelle Banne vum Meekranz.

All d’Awunner sinn häerzlech ageluede mat ze maachen!

Start: um 08:00 Auer beim Schoul- a Sportzentrum „Gewännchen“

Zumba

Danzt iech fit!

Zumba fir jiddferee mam Adeline Trouillot zu Réimech.

– Aschreiwung per Email obligatoresch: adeline@ac-ademic.com
– Präis: 8 € pro Cours a Persoun / 7er-Kaart: 49 € / 14er-Kaart: 84 €
– Lieu: kritt Dir bei der Umeldung matgedeelt

Zumba

Danzt iech fit!

Zumba fir jiddferee mam Adeline Trouillot zu Réimech.

– Aschreiwung per Email obligatoresch: adeline@ac-ademic.com
– Präis: 8 € pro Cours a Persoun / 7er-Kaart: 49 € / 14er-Kaart: 84 €
– Lieu: kritt Dir bei der Umeldung matgedeelt

Zumba

Danzt iech fit!

Zumba fir jiddferee mam Adeline Trouillot zu Réimech.

– Aschreiwung per Email obligatoresch: adeline@ac-ademic.com
– Präis: 8 € pro Cours a Persoun / 7er-Kaart: 49 € / 14er-Kaart: 84 €
– Lieu: kritt Dir bei der Umeldung matgedeelt

Kavalkad

Réimech ass eng vun de Fueshéichbuergen zu Lëtzebuerg. Op 1/2 Faaschte verkleed sech d’Pärel vun der Musel an invitéiert Joer fir Joer op e ganze Week-End Party mat nationalen an internationale Fuesstaren. Op beim Emzuch vun der Kavalkad, op der Dr F. Kons Plaz am Zelt, oder an de Réimecher Lokaler, iwwerall geet et just em d’Thema “5. Joreszäit”.

Entréespräisser 

Cavalcade

  • 7 € sur place
  • 5 € Virverkaaf | tickets.cavalcade-remich.lu
  • Kanner < 16 Joer: gratis

Party, Baler a Kannerfuesbal am Zelt

  • Gratis Entrée

Programm

  • Freideg 13.03
    16:30 After Work Party
    20:30 Bal
  • Samschdeg  14.03
    14:30 Kannerfuesbal
    19:30 Hausbal wéi fréier mat Ever Dance
  • Sonndeg 15.03
    14:30 Cavalcade
    16:30 After Cavalcade Party

 

1/2 Faaschten | 13.-15.03.2026

Op 1/2 Faaschte verkleed sech d’Pärel vun der Musel an invitéiert Joer fir Joer op e ganze Weekend Party. Op beim Emzuch vun der Kavalkad, am Zelt op der Dr F. Kons Plaz, oder an de Réimecher Lokaler, iwwerall geet et just em d’Thema “5. Joreszäit”.

Programm Zelt – Dr F. Kons Plaz:

  • Freideg 16.03 | ab 16:30 Auer: AFTERWORK | ab 20:30: Bal
  • Samschdeg 17.03 | 14:30 Auer Kannerfuesbal | 19:30 Auer: Bal wéi fréier
  • Sonndeg 15.03 | Ab 16:30 Auer: AFTER CAVALCADE PARTY

GRATIS ENTRÉE déi 3 Deeg !

Kavalkad:

  • 15.03
    Start 14:30 Auer: N10 / Héicht Rue Maatebierg
    Arrivée ca. 17:30: N 10 / Héicht Minigolf

ENTRÉE:

  • Virverkaf : 5 € | tickets.cavalcade-remich.lu
  • Sur Place: 7 €
  • Kanner < 16 Joer: gratis

Kannerfloumoart

Beim Kannerfloumoart vun der Stad Réimech dréit sech alles ëm Kannersaachen.

Déi Kleng kënnen hei hir Schätz verkafen wéi och d’Elteren Kannerkleeder, Babyartikelen an aner Kannersaachen. Eng Freed fir grouss a kleng Schatz-Sammler!

  • PLAZ > Zelt – Dr F. Kons Plaz
  • Iessen a Gedrénks > Comité d’organisation de la Cavalcade

Limitéiert Zuel u Plazen | Aschreiwung nëmmen iwwer de Formulaire a soulaang nach Plazen disponibel sinn.

Zumba

Danzt iech fit!

Zumba fir jiddferee mam Adeline Trouillot zu Réimech.

– Aschreiwung per Email obligatoresch: adeline@ac-ademic.com
– Präis: 8 € pro Cours a Persoun / 7er-Kaart: 49 € / 14er-Kaart: 84 €
– Lieu: kritt Dir bei der Umeldung matgedeelt

Zumba

Danzt iech fit!

Zumba fir jiddferee mam Adeline Trouillot zu Réimech.

– Aschreiwung per Email obligatoresch: adeline@ac-ademic.com
– Präis: 8 € pro Cours a Persoun / 7er-Kaart: 49 € / 14er-Kaart: 84 €
– Lieu: kritt Dir bei der Umeldung matgedeelt