Open-Air Kino | Pumuckl und das große Missverständnis
Erlieft zesumme mat Famill a Frënn e puer gemittlech Stonnen ënner fräiem Himmel!
Pumuckl an dat grousst Mëssverständnis, e Film fir d’ganz Famill:
Beim Meeschter Eder ass all Dag eppes lass, well a senger Schräinerei lieft de klenge Pumuckl, e virwëtzegen a lëschtege Kobold, dee gären Dommheete mécht.
Mat enger Schildkröt, engem Ausfluch op d’Land an och nach dem Gebuertsdag vum Noper Burke geet et dëse Summer beim Eder a Pumuckl drënner an driwwer. Do feelt just nach e grousst Mëssverständnis, dat op eemol all Bedeelegt virun eng schwéier Prouf stellt.
** Sprooch: däitsch | Ënnertitelen: franséisch
Gratis Entrée | Iessen & Gedrénks sur Place