D’Réimecher Musek spillt och dëst Joer den Hämmelsmarsch fir d’Kiermes duerch Réimech, eng Aart musikalesch Parade, déi den Ufank vun der Kiermes annoncéiert.
Den Hämmelsmarsch ass eng typesch Lëtzebuergesch Traditioun: d’lokal Museksveräin geet duerch d’Stroossen, fir jiddereen op d’Kiermes anzelueden. Fréier huet e Schéifer de Cortège mat senge schéinste Schof ugefouert.
Wärend dem Hämmelsmarsch sammelt de Museksveräin Spenden, eng wichteg Akommesquell fir de Club.
Samschdes 19.09: ab 09:00 fueren si mam Trakter duerch Réimech fir den Hämmelsmarsch ze spillen.
Sondes 20.09: 08:30 – 11:00 gin si ënnen a Réimech zu Fouss duerch d‘Gassen a spillen den Hämmelsmarsch.
De Flou- a Sammlerclub invitéiert op säi Floumoart zu Réimech op der Dr. F. Kons-Plaz. Hei fannt Dir op diverse Stänn Antikitéiten, Miwwelen an aner gebrauchte Schätz, déi Dir zu erschwéngleche Präisser kafe kënnt.
D’Bacchusfescht, all Joers de op Maria Himmelfahrt, ass e grousse Floumoart mat Stänn de vun der Esplanade bis op Dr. F. Kons-Plaz.
Fir d’Pausen zwëschen de Floumäert-Stänn suerge regional Iess-, Wäin- a Cremantsstänn.