Confort-Wanderwee

Back Carte
Elevation[m] Distance[km]

Wëllkomm um Confort-Wanderwee zu Réimech. Den Tour féiert mat Bléck iwwert d’Musel iwwert d’Esplanade, duerch déi al Gaassen an de Park “Jeannot Belling”.

De Wee féiert als éischt duerch déi al Gaassen, éier et dono 1,2 km iwwert d’Esplanade a Richtung Stadtbriedemes geet. Um Wee sinn iwwerall Sëtzméiglechkeete fir e bëssen ze raschten a schéi Momenter bei der Musel ze erliewen. Am Zentrum vu Réimech ginn et och verschidde Restauranten a Butteker. Dee Wee eegent sech fir all déi, déi et gär méi gemittlech hunn. De Wee ass ganz riicht, iwwerall méi breet a fir mam Rollstull gëeegent.

Streck

Dëse Wee mat enger Längt vu 4 km féiert laanscht d’Musel esou wéi duerch déi al Gaassen vu Réimech. De Wee fänkt bei der Tourist-Info un, wou och lauter Parkméiglechkeeten an ëffentlech Toilette (PMR-gerecht) sinn.

Am Ufank geet et kuerz laanscht d’Musel, wou een och d’Méiglechkeet huet mat engem vun de Schëffer een Tour ze fueren, d’Spillplaz an de Minigolf. Vun do aus féiert de Wee an de Park “Jeannot Belling” an duerch déi kleng al Gaassen, d’Piirtchen, d’Place Dr. F. Kons zeréck op d’Esplanade. Am Zentrum huet een d’Méiglechkeet et sech op enger vun den Terrasse gemittlech ze maachen.

Iwwert d’Esplanade geet de Wee a Richtung Stadtbriedemes bis bei d’Caves St. Martin an erëm zeréck bei d’Tourist-Info.

Parking

Ëffentlech Parkplazen:  Parking du Port (ënnert der Bréck), Parking “Gréin”; behënnertegerecht Parkplaze sinn op béide Parkingen