Park Jeannot Belling
De Park Jeannot Belling ass dee gréisste Park zu Réimech a bitt mat sengem Intendäich déi perfekten Atmosphär fir e gemittlechen Nomëtteg hei ze verbréngen. Chille kann een an enger vun de grousse Wisen oder op de flotte Bänken direkt nieft dem Däich.
Fir d’Kanner bitt de Park Beschäftegung mat senger grousser Spillplaz an déi Sportlech kënne Tennis, Paddle Tennis oder Petanque spillen.