Crémant a Kultur Festival
All Joers op Kiermessonndeg begréisst d'Stad Réimech Iech op hirem traditionelle Crémant a Kultur Festival.
Nieft enger "Kirmes wéi fréier", wou d'Kanner mam Zichelche fuere kënnen oder op engem Karussell e puer Ronnen dréie kënnen an déi Erwuesse sech beim Béchsen Ofschéissen ameséiere kënnen, stelle sëllech Kënschtler hir Wierker fir de Verkaf aus. Dës Wierker variéieren vu Biller, Skulpturen aus Keramik oder Holz, bis hin zu Bijouen a Fotoen. Fir déi kleng Pausen zwëschenduerch suergen déi Réimecher Wënzer mat hirem Cremant a Wäin. Fir Iessen ass och gesuergt.