Réimecher Bësch
De grousse Bësch tëscht Réimech a Stadbriedemes och als "Réimecher Bësch" bekannt, bestécht duerch seng wonnerschéi Landschaften an villsäiteg Trëppelweeër. Och kann een am Bësch gutt mam Vëlo fueren oder flott Mountain Bike Toure maachen. En Tour duerch d'Heedbaach mat sengen neie Brécken ass en absolute Must-Do.
Fir ze Chillen bitt de Lustgarten, net wäit ewech vum Centre de Secours déi perfekte Léisung.