Gréin Supporterclub URB
Vu Juni bis August invitéieren d’Veräiner a Klibb vu Réimech Weekend fir Weekend op hirt traditionellt Wisefest “Um Gréin”.
Vu Woch zu Woch ginn Grillspezialitéiten, Wäin vu verschiddene Miseler Wënzer an och e gudde Patt vum Faass. Donieft suerge Musiker, Orchesteren an DJ’s fir déi richteg Stëmmung, wou een dann och scho mol seng Danzkënscht ënner Beweis stelle kann.
De Supporterclub organiséiert hire Gréin de 15, 16 & 17. August ënnert dem Motto “Fête du Crémant”.
E Sonndeg, den 17.08.2025: Wiel vun der Miss Crémant
Umeldung: www.urb.lu/miss