Back
08.03.2025
Buergbrennen
Eng Tradtioun zu Réimech ass d’Buergbrennen fir de Wanter ze verdreiwen. D’Buerg, symboliséiert duerch e grousst Kräiz, gëtt ëmmer de Weekend no Fuesend verbrannt.
Géint 18:30 Auer start de Fakelzuch bei der Gemeng a Richtung Rue Enz, Rue Hierzigsberg, Rue des Prés bis bei d’Entrée vum Bësch um Gewännchen.
Fir Iessen a Gedrénks ass ab 18:30 Auer gesuergt, d’Buerg gëtt um 19 Auer ugefaangen.