Back
05.07.2025 - 06.07.2025
Gréin DT Remich
Vu Juni bis August invitéieren d’Veräiner a Klibb vu Réimech Weekend fir Weekend op hirt traditionellt Wisefest “Um Gréin”.
Vu Woch zu Woch ginn Grillspezialitéiten, Wäin vu verschiddene Miseler Wënzer an och e gudde Patt vum Faass. Donieft suerge Musiker, Orchesteren an DJ’s fir déi richteg Stëmmung, wou een dann och scho mol seng Danzkënscht ënner Beweis stelle kann.