Skip to main content
Sport a Fräizäit

Tour mam Schëff

  • M.S. Princesse "Marie Astrid"

    U Bord vun der M.S. "Princesse Marie-Astrid" endeckt Dir d'Musel ganz nei. D'Marie-Astrid, déi 2010 gebaut ginn ass, huet eng Kapazitéit vu 500 Passagéier, dovun 220 bannen.
    Weider ass um Schëff alles fir de Comfort vun de Passagéier ausgeluet wat sech och a sengem luxuriéisen an eleganten Interieur weist. Sou kënnt Dir e gastronomesche Menu genéissen, während d'Wéngerte, Dierfer, Bierger an d'Bëscher Iech passéieren. Dank de Panorama-Fënstere verpasst Dir och kee Moment vun der wonnerschéiner Landschaft.
    Opgepasst Geschichtsfrënn: U Bord vun dësem Schëff, deemols nach déi 2. MS "Princesse Marie-Astrid" ass 1985 an 1990 de Schengener Accord ënnerschriwwe ginn.

  • "Klenge Prënz" & "MuselSchëff"

    Navi-Tour invitéiert Iech, d’Musel an der Lëtzebuerger Muselregioun mam Schëff ze entdecken, mat Depart zu Réimech, direkt bei Schengen.

    Um MuselSchëff an dem Klenge Prënz (béid Schëffer bis 200 Persounen) kënnt Dir verschiddene Faarten auswielen: eng Panoramafaart vun 1 Stonn, eng Schleisenduerchfaart vun 2 oder 3 Stonnen, eng kulinaresch Croisière vun 3 Stonne mat Menü oder Buffet, oder e méi groussen Tuer vu 5 Stonnen bis op Sierck-les-Bains a Frankräich.

    D’Saison dauert vun Abrëll bis Oktober. U Bord ass fir Iessen a Gedrénks gesuergt. D’Schëffer si fir Persoune mat ageschränkter Mobilitéit zougänglech a Muppen un der Léngt sinn och wëllkomm.

    Déi zwee Schëffer kënnen och exklusiv fir privat oder berufflech Evenementer mat bis zu 200 Persoune gebucht ginn – zum Beispill fir eng Hochzäit, e Gebuertsdag, eng Familljefeier, e Seminar oder e Betribs-Ausfluch.

    Navi-Tour huet d’Aktivitéite vun Navitours iwwerholl a féiert d’Traditioun vun der Passagéierschëfffaart zu Réimech weider, déi op méi wéi ee Joerhonnert Geschicht zeréckbléckt.

Touristen-Info

Centre visit Remich
touristinfo@remich.lu

Phone : (+352) 27 07 54-16

Ëffnungszäiten

7/7:

> 31.10.2025 | 09:30 - 18:00
01/11/2025 | zou/fermé/geschlossen/closed
02/11/2025 - 28/02/2026 | 08:30 - 17:00
24/12/2025 - 04/01/2026 | zou/fermé/geschlossen/closed
01/03/2026 - 31/10/2026 | 09:30 - 18:00

  • This field is for validation purposes and should be left unchanged.

Freideg

11°C

Samschdeg

11°C

Sonndeg

11°C

Méindeg

12°C

Dënschdeg

17°C

Accessibilitéit Menu

Schrëftgréisst
Zoom