„Simply unplugged“ an der lëtzebuerger Muselregioun

Am Miselerland kann ee sech et gutt goe loossen. D’Musel verleeft als romantesch Grenz tëscht Lëtzebuerg an Däitschland. Riets a lénks vum Floss leien d’Wäibierger an deenen d’Drauwe fir den excellente Muselwäin räifen. Erlieft dës Regioun ganz gemittlech mam Schëff, um Vëlo oder zu Fouss. Och d’Hannerland – nëmmen e puer Kilometer vum Floss ewech – waard drop zu Fouss, um Vëlo oder vläit mam Trakter entdeckt ze ginn. Et kann een duerch d’Uebstwise wanderen, duerch déi charmant Dierfer trëppelen oder ganz einfach an de Fiels- a Wiselandschaften duerchootmen.

Fir méi Infoen iwwert d’Region www.visitmoselle.lu

Photo credit: S. Luca