Réimech, oder an der Antik “Remacum” genannt, woar fréier een Dréi- an Aangelpunkt fir Fëscher a Bootsmänner. Während de leschte Joerhonnerten gouf d’Stad ëmmer rëm vu sengen Eruewerer zerstéiert, sou dass eng Festung ronderëm opgebaut gouf, vun där een haut nach d’Iwwerreschter ka gesinn.

Haut ass Réimech eng kleng Touristestad op der Europastreck Saarbrécken-Lëtzebuerg. Hei befënnt ee sech an engem romantesche Panorama vu Wéngerten an dichte Bëscher, déi Réimech wéi en Amphitheater ëmginn. An d’Bühn ass d’Musel. Um Bord vum Floss kann een iwwert déi 3 Kilometer laang Promenad trëppelen, ënnert de Kiichten- a Lannebeem erduerch, a sech d’Booter, d’Schëffer oder eng Hellewull u Waassersportaktivitéiten ukucken.

Dee berühmte Bacchus-Bur vum lëtzebuerger Artist Will Lofy, bitt op de méi waarmen Deeg eng kill Erfrëschung, a gëtt souguer Grond fir all Joer e Summerfest do ronderëm ze feieren.

Mä kuckt Iech Réimech och gäre vu méi no un, an entdeckt déi kleng charmant Gässelcher, mat de verwénkelten Ecken an Zäitzeien aus historesch wichtegen Zäiten. Duerch d’Porte St Nicolas, déi zu Eiere vum Schutzpatroun vun de Fëscher a Bootsmänner opgebaut gouf, kënnt een an d’Rue St. Cunibert, wou d’Gebuertshaus vun dësem Gottesmann steet, deen am 7. Joerhonnert Erzbëschof vu Köln woar. Déi nächst Statioun op Ärer Entdeckungsrees ass dann d’Häerz vu Réimech mat enger Fousgängerzon, klenge Plazen, Fontänen, a Gässelcher déi heiansdo sou enk sinn dass ee knapps laanschtenee kënnt. Den Tuerm vun der Dekanatskierch zu Réimech, iwwregens nationalt Kulturierwen, huet de Bléck iwwert déi ganz Stad an de Park Brill mat sengem Weier, enger Spillplaz, enger Kulturbühn an den Tennisterrainen.

Um Waasser ginn et eng sëllegen Touristeschëffer, wou ee kann un Touren deelhuelen a vu wou et méiglech ass den Dräilännereck mam Schëff ze entdecken. E puer Meter weider befënnt sech den Touristebureau mam Rentabike, enger Spillplaz an engem vun de gréisste Mini-Golf-Terrainen aus der Groussregioun. Sitt Dir schonn an där Richtung ënnerwee, kënnt Dir och direkt e puer Meter weider goe bis bei d’oppe Schwämm, wou Dir kënnt vun engem virgeheizte Baséng mat olympesche Moossen profitéieren. Weiderhi fannen d’Sportler laanscht d’Musel eng amenagéiert Vëlospist, oder duerch de Bësch een exigente Fitnessparcours.

Während de Summerméint fanne regelméisseg Volléks- a Grillfester zu Réimech statt. Réimech huet eng ofwiesslungsräich Hotels- a Restaurantkultur mat schéinen Terrassen an internationalen Highlights. Wéinst der perfekter Lag am Dräilännereck ass een an nëmme 40 km an der Stad Lëtzebuerg oder zu Tréier, Saarburg, Sierck an anere kulturell Stied, wou sech eng Rees hi sécher lount.

Also kënnt Dir vu Réimech profitéieren als perfekten Ausgangspunkt vun Ären Äusflich awer virun allem als Mëttelpunkt vun der Wäikultur zu Lëtzebuerg. Nieft dem Institut Viti-Vinicole, fannt Dir eng sëllege Kellereien (souguer eng ënnerierdesch) wou Dir och vun Degustatioune vun de beschte lëtzebuerger Cruen profitéieren kënnt, déi iwwregens Joer fir Joer mat internationale Äuszeeschnunge geéiert ginn.

Net zulescht wéinst all dësen Highlights dréit Réimech de passenden Titel: Pärel vun der Musel.