Sonndegconcerten
Museken aus dem ganze Land spille sonndes wa Moart ass op der Dr. F. Kons-Plaz a suergen domadder fir eng gutt Stëmmung während Ären Akafstouren.
An de Summerméint organiséiert d'Stad Réimech regelméisseg Concerten op der Dr. F. Kons-Plaz, dem beléiften Treffpunkt vun Awunner a Gäscht.
Vill Terrasse luede fir eng kleng Auszäit an.