Schatzjuegd fir Kanner
Grouss Schatzjuegd – Entdeckt eisen Dräiläennereck
Léif Kanner, léif Schatzjeeër,
Ganz nom Motto „entdeckt den Dräilännereck“ fänkt d‘grouss Vakanz mat enger Schatzjuegd an eiser schéiner Regioun un. Entdeckt 12 verschidden Attraktiounen zu Lëtzbuerg, an Däitschland an a Frankräich.
Wien et packt Stempele vu mindestens 8 verschiddene Statiounen ze sammelen, huet herno d’Méiglechlkeet de grousse Schatz bei der Verlousung ze gewannen. Zousätzlech kritt deen éischte wou all d’Stempele gesammelt huet een extrae Präiss. Mattmaache kënnt dir bis de 15. September 2020.
Wéi kann ech Stempele sammelen?
Dir besicht déi eenzel Attraktiounen (am beschten allen 12) a frot an der Entrée nom Stempel fir op är Schatzkoart.
Wat maachen ech wann ech alleguer d’Stempele gesammelt hunn?
Kommt einfach an eng vun eisen Tourist Infos zu Merzig (D), Mondorf (L), Pirel (D), Schengen (L) oder Réimech (L). Mir kontrolléieren är Schatzkoart a wa se komplett ass huelt dir un eiser grousser Verlousung deel.
Déi 12 Statiounen
– Mountainbike Anlage Perl
– Château Malbrouck Mandern
– Châteaudes des Ducs de Lorraine Sierck les Bains
– Maison de la Nature Montenach
– Europamuseum Schengen
– Flugzeugmuseum Bad Mondorf
– Baggersee Remerschen
– Freibad Remich
– Mosaik Nennig
– Römische Villa Borg
– Abenteuerwald Saarschleife Orscholz
– Wolfspark Merzig