Find us
Startup Event
D’Stad Réimech, an Zesummenaarbecht mat CorpPearls, lued zu sengem 3. Startup Event an.
Programm:
- 18:30 | Wëllkomm, Buergermeeschter Jacques SITZ
- Presentatioun “Sustainable Innovation Hub Remich”, Tobias VERLENDE
- Keynote Speaker, Karsten KINZIG, HH2E “Letz change the game of energy!”
- Presentatioun vun de Startups & Q&A
- Our Greenery
- Werte Freunde
- Cannabau
- OZN Vegan
- VIDAR Sport
- WEO
- My Green Window
- Haselherz
- Die Energieschmiede
- 1:1 Sessions & Networking
Umeldung erfuerderlech bis den den 18.Oktober:
mato@remich.lu
T. (+352) 23 69 2-1
D’Startups:
OUR GREENERY (www.ourgreenery.com)
Our Greenery dezentraliséiert d‘Liewensmëttproduktioun. Hir zwee Produiten “Tischgarten” a “Raumgarten“ brénge frësch a selwer produzéiert Liewensmëttel dohin, wou mir se wierklech brauchen – nämlech an eise Restauranten, Büroen an an eis Kichen doheem.
Den „Tischgarten“ ass aus Keramik an huet een innovative Waasserspäicher. Hien erméiglecht den Ubau vu Mikrogreens an anere Superfoods.
De „Raumgarten“ ass e smart home. Vollautomat fir de Bedarf un Zaloten, Kraider an anere leafy Greens ofzedecken. Al d’Produite vun Our Greenery ginn zirkulär an nohalteg an Europa produzéiert.
WERTE FREUNDE (www.wertefreunde.de)
Werte Freunde ass een Eco Concept Store an Onlineshop mat enger grousser Auswiel un Naturkosmetik, Fair Fashion an nohaltege Moudenaccessoiren. Et ass eng Plaz op där gréng Wäerter grouss geschriwwe ginn an iwwerall ze fanne sinn, sief dat bei exklusive Kosmetikbehandlungen, Workshops oder op Eventer.
Mat ronn 100 Marke bitt Werte Freunde online an an hirem Shop zu Hamburg e grousst Sortiment un national an international Marken un. Nieft der Qualitéit an der Performance vun de Marken, spillen d’Wäerter vun de Marken an déi vun de Grënner hannert de Marken eng grouss Roll bei der Auswiel vun de Produiten.
CANNABAU (cannabau.de)
Cannabau entwéckelt nohalteg Baustoffer aus Hunnef a Kallek. Hunnefkallek ka regional an CO2-neutral produzéiert ginn, bitt vill Uwendungs- a Veraarbechtungsméiglechkeeten, hëlleft fir Gebaier méi energieeffizient ze gestalten an ass scho säit 1970 a Frankräich zougelooss. D’Ekipp vu Cannabau schafft un der Zertifizéierung an Zouloossung vu hire Produiten an Däitschland a Kooperatioun mat Unien an Administratioune fir eng breet Uwendung ze erméiglechen.
Zil vun dëser Innovatioun an der Bauindustrie ass et eng éischt modern Produktioun vu Fäerdegbaudeeler aus Hunnefkallek an Däitschland opzebauen, déi et erméiglecht Serieproduiten no deenen héchste Qualitéits- a Sécherheetsstandarden hierzestellen.
OZN VEGAN (www.ozn-vegan.de)
OZN Vegan steet fir veganen Neellack, dee schnell drëchent, eng excellent Deckkraaft huet an eng grouss Auswiel bitt vun iwwer 60 Faarwe vu mauve bis grasgréng. Ervirzehiewen ass, dass den Neellack zu 90% aus nohalteg ugebaute planzleche Réistoffer wéi Gromperen, Mais an Holz hiergestallt ginn. Zousätzlech iwwerzeegen d’Faarwen duerch hire Glanz, ee gläichméissegen a sträifefräien Optrag an eng laang Haltbarkeet. All d’Produite ginn inhouse an Däitsch hiergestallt.
VIDAR SPORT (www.vidar-sport.de)
VIDAR Sport entwéckelt a verkeeft natierlech Sportskleedung mam Zil Sportsgezei ze kreéieren dat genau esou positiv ass wéi de Sport selwer. Bei klassescher Sportskleedung aus Polyester lant bei all Wäsch schiedleche Mikroplastik am Waasser, am Grondwaasser, an der Natur an zum Schluss an eis Mëschen.
Dofir ass déi ganz Kollektioun vu VIDAR Sport fräi vu Polyester. Als Basismaterial fir d’Gezei setze si op innovativ Stoffer aus Holz(TENCELTM), Algen (SEACELL) oder Bio-Kotteng. VIDAR Sport setzt och op eng héich Transparenz a kuerz Transportweeër. D’Stoffproduzenten an d’Bitzereie sinn am Norde vu Portugal.
WEO (www.weo-water.com)
D’lëtzebuergesch Startup WEO ënnerstëtzt d’Klimaupassung mat Satellittebiller. Mat Hëllef vu kënschtlecher Intelligenz a Satellittebiller liwwert WEO wäertvoll Informatioune fir zu enger nohalteger Entwécklung a liewenswäerte Stied bäizedroen. D’Technologie vu WEO baséiert op ëffentlech zougängleche Satellittebiller fir Informatioune reegelméisseg an iwwerall hi liwweren ze kënnen. Sou vermesse sie d’Ofdeckung vu Bamkrounen an hir Gesondheet, gréng Diercher an hiren Zoustand, d‘Potenzial vun Hëtztinselen an d’Versigelung vu Landflächen. D’Infoe ginn dann a lokal Datebanken integréiert a ginn hire Cleinten esou d’Méiglechkeet de Fortschrëtt vun der Begréngung ze verfollegen, Bamverloschter ze reduzéieren, Felder ze iwwerwaachen a méiglech Verstéiss géint Entwécklungsvirschrëften ze identifizéieren.
MY GREEN WINDOW (www.my-green-window.com)
My Green Window aus Berlin bitt e vertikal a gënschteg Indoor-Planzesystem un, dat déi wuessend Nofro no erschwéngleche Begréngungsléisunge fir kleng stättesch Wunnenge befriddegt. De System bestoend aus engem moduläre Planzegefäss am IKEA-Stil (50 cm x 80 cm) mat automatescher Bewässerung a Beliichtung ass ganz benotzerfrëndlech a liicht ze installéieren.
HASELHERZ (www.haselherz.de)
D‘Hamburger Startup HaselHerz, och bekannt aus „Die Höhle der Löwen“ ass d’vegan Alternativ zu klasseschen Noss-Nougat-Crèmen, Schockela an Huewerrëppen.
All hir Produite sinn aus ausgewielte Bio-Ingredienten. Se si palmuelech-fräi, ouni raffinéierten Zocker a soss verstoppten Ingredienten, glutefräi a vegan. Geséisst gëtt mat Kokosbléienzocker, Agave an Dattel.
DIE ENERGIESCHMIEDE (www.luma-montage.de)
Engergieschmiede hëlleft Privathaushälter, Firmen an ëffentlechen Ariichtungen fir mat Photovoltaikanlagen a Stroumspäicheren eegene Stroum ze kreéieren an ze späicheren.
OYESS (www.oyess.de)
OYESS gouf 2020 zu Hamburg gegrënnt mat der Visioun innovativ an nohalteg Produiten ze kreéieren, zu deene Konsumenten einfach JO soe kënnen. D’Produite sinn all Naturkosmetik-zertifizéiert an ouni Tester un Déieren hiergestallt. Säit der Grënnung huet OYESS iwwer 2 Millioune Lëppestëfter verkaft an ass an iwwer 8.800 Geschäfter erhältlech. OYESS huet den däitschen Nohaltegkeetspräiss Design 2022 a dräi Goldmedaile beim German Brand Award 2023 gewonnen.