Back
Find us
21.10.2023 - 22.10.2023
Mëttelaltermoart
Loscht op eng spannend Zäitrees zréck an de Mëttelalter?
Da besicht de Mëttelaltermoart vun der Stad Réimech.
Gebuede gëtt e Programm mat Kënschtler a Gaukler, Mëttelaltermusek an owes enger Feiershow. Händler an Handwierker, wéi zum Beispill Schmätt, Drechsler, Flechter, Zënngéisser, Läffelschnëtzer a vill anerer ginn Iech en Abléck a längst ausgestuerwe Beruffer aus dem Mëttelalter.
Fir Iessen an Drenken ass gesuergt.
Loost den Auto doheem a kommt mam Bus op Réimech (mobiliteit.lu)!
Schedule:
Samschdeg, 21.10 : 12:00-21:00
Sonndeg, 22.10 : 11:00-18:00
Sonndeg, 22.10 : 11:00-18:00
Organiser: Ville de Remich & Lorraine Médiévale
E-mail: info@lorraine-medievale.de
Address: Place Dr F. Kons
Add to calendar