Sport a Fräizäit

Spazéier- a Wanderweeër

  • Heedbaach Tour

    Iwwert d'Esplanade féiert dëse Wee duerch d'Heedbaach an de Réimecher Bësch eran. Dës Streck, déi duerch herrlech Biller iwwerzeegt, eegent sech gutt fir Ufänger.

    Higlights:
    Esplanade, Lustgarten, kleng Brécken an der Heedbaach, Neie Wee, Impasse St. François

  • Bësch Tour

    De Bësch Tour féiert duerch déi al Gaassen erop op d'Gewännchen duerch de Réimecher Bësch bis op Stadtbriedemes. Fir zeréck geet et laanscht Musel erop bei d'Schlass am Buschland.

    Highlights:
    Napoléonshout, Weiher "Éitzpoul", kleng Brécken an der Heedbaach, Lustgarten, Esplanade

  • Wéngerts Tour

    Dëse Wee féiert duerch d'Maachergaass laanscht de Wäschbuer an d'Wéngerten. Hei geet et duerch d'Réimecher Wéngerte bis erop op den Aussiichtspunkt "Scheierbierg", deen een immense Panorama iwwer ganz Réimech bitt.

    Highlights:
    Maachergaass, Ruelle des Tanneurs, Wäschbuer, Point de Vue "Scheierbierg", Institut Viti-Vinicole, Kierch, Neie Wee

  • Kultur Tour

    De Kultur Tour geet duerch déi al Gaassen a laanscht déi al Gebaier vu Réimech. Dësen Tour ass flott fir Leit, déi sech fir historesch Bauwierker an d'Geschicht vu Réimech interesséieren.

    Highlights:
    Piirtchen, Maachergaass, Al Schoul, Esplanade, Bacchus, Porte St. Nicolas, Kierch, Brill Park

  • Héichwaasser Tour

    Dësen ca. 1-kilometer laangen Trëppelwee erzielt d'Geschicht vun de groussen Héichwaasser-Katastrophen zu Réimech. Op diverse Panneauen kann een d'Entwécklung vun der Musel iwwert dat lescht Jorhonnert noliesen an op Fotoen nokucken.

  • Wanderroute

    De Wanderwee féiert duerch déi al Gaasse vu Réimech iwwert d'national Wanderroute "Sentier de la Moselle" duerch d'Wéngerten bis rop op de Goldbierg. Zeréck op den Départ geet et dono duerch de Réimecher Bësch.

  • Tour de la Mémoire

    Dësen ca. 2-Kilometer laange Wee, op der Spuere vun der Erënnerung, féiert duerch den historesche Kär vu Réimech wou fréier jüddesch Holocaust-Affer gewunnt hunn. All Iwwerliewenden an all Affer huet vum däitsche Kënschtler Gunter Demnig e sougenannte Stolpersteng kritt.

  • Nordic Walking | Parcours 1

    Iwwert déi bekannten Esplanade féiert dësen Tour op Entdeckungsrees duerch d'Heedbaach an de Réimecher Bësch. Dëse Wee, deen just e klenge Bierg an sech huet, bitt wonnerschéi Aussiichten.
    Dëse Wee ass och fir Ufänger geegent.

  • Nordic Walking | Parcours 2

    Ähnlech wéi den Nordic Walking | Parcours 1, geet dësen Tour och bei der Tourist Info zu Réimech fort an duerch de Réimecher Bësch bis op d'Haaptstrooss um "Groëbierg". Dono féiert en duerch d'Wéngerten a Richtung "Scheierbierg". Hei muss een déi enorm Vue iwwer d'Musel genéissen, éier een erëm zeréck duerch d'Wéngerten an den Zentrum vu Réimech trëppelt.

Touristen-Info

Gare Routière
Remich
visit@remich.lu

Tel.: (+352) 27 07 54-16

Ëffnungszäiten

14. Mai - 30. Juni
Donneschdeg - Sonndeg:
10:00 - 17:00 Auer

1. Juli - 31. August
Méindeg - Sonndeg: 10:00 - 18:00 Auer

  • This field is for validation purposes and should be left unchanged.

Mëttwoch

17°C

Donneschdeg

17°C

Freideg

15°C

Samschdeg

13°C

Sonndeg

17°C