Kultur

Al Gaassen a Gebaier

  • Al Gaassen

    An den ale Gaassen zu Réimech spigelt sech déi jorhonnerten al Geschicht vu Réimech erëm. Sou och kënnt den Numm vun der Macher Gaass aus dem 18. Jorhonnert an ass nom deemolege Buergermeeschter, dem Willibrord Macher benannt. Och Rue St. Cunibert, déi nom hellege Cunibert, deen ëm 590 zu Réimech am "ale Stack" gebuer soll sinn a 1988 zum Patroun vun der Stad Réimech ernannt gouf, ënnermauert déi laang Geschicht vu Réimech.
    En Trëppeltour duerch d'Macher Gaass, den Neie Wee, Rue St. Cunibert Rue St. Nicolas mat der Porte St. Nicolas, déi als national Monument registréiert ass, oder dem Piirtchen muss een onbedéngt gesinn hinn.

  • Al Gebaier

    Op al, mat Iwwerreschter vun de Réimer oder aus der barocken Zäit verziert Gebaier, Fassaden an Diere fënnt een iwwerall a Réimech. Beispiller heifir sinn d'Schoul an der Rue Enz, d'Al Schoul oder Veräinshaus. Mä och soss wann een duerch déi al Gaasse spadséiert fënnt een verbuerge Schätz aus der Vergaangenheet.

Tourist info

Centre visit Remich
touristinfo@remich.lu

Phone : (+352) 27 07 54-16

Opening hours

Méindeg – Sonndeg: 10:00-17:00
Zou:
01.11 & 24.12 – 01.01

  • This field is for validation purposes and should be left unchanged.

Dënschdeg

9°C

Mëttwoch

7°C

Donneschdeg

7°C

Freideg

8°C

Samschdeg

16°C