Sport a Fräizäit

Skate & Parkour

  • Parkour

    Wat ass Parkour?
    Parkour, och „Art du déplacement“ genannt, ass eng Method sech ze beweegen, bei där et dorëms geet, sech sou séier wei méiglech vun enger Plaz op déi nächst ze beweegen. Um Training gëtt een oft mat Erausfuerderungen an Obstakele konfrontéiert, déi hëllefen, déi eege physesch Grenzen ze iwwerwannen. Duerch déi verschidde Beweegunge léier dir, wouzou äre Kierper an der Lach ass (wat warscheinlech är Erwaardungen iwwertreffe wäert). Ee Parkour-Sportler ze si bedeit vill méi wéi nëmmen een urbane Sport ze bedreiwen. Et bedeit, d'Ëmgéigend anescht ze deiten, sou wéi eng riseg Spillplaz mat ëmmer neien Obstakelen, déi iwwerwonne musse gin. Eis Philosophie: “Never compare yourself to others, always be the best version of yourself “. Iwwersat: “ Vergläich dech net mat aneren, mee probéier ëmmer dech selwer ze verbesseren”. Op eleng oder zesummen, des Sportaart erméiglecht engem säin Horizont ze erweideren an d’Welt aus engem ganz anere Bléckwénkel ze gesinn.

    Wat ee sech dobäi mierke sollt
    Present: Ëmmer dorop fokusséiert si wat ee grad mécht a mat de Gedanken dobäi sinn!
    Progressive: Schrëtt fir Schrëtt probéiere seng Ziler ze erreeche fir sech selwer net ze iwwerschätzen!
    Practice: Och wann een eppes net direkt hikritt, net opginn: Üben, üben, üben!

    Fir wien ass Parkour?
    Parkour ass fir jiddereen. Dat Eenzegt wat dir braucht ass Motivatioun a Spaass a Freed u Beweegung.

  • Skate Park

    Skate a Parkour Park Remich

Tourist info

Centre visit Remich
touristinfo@remich.lu

Phone : (+352) 27 07 54-16

Opening hours

Méindeg – Sonndeg: 10:00-17:00
Zou:
01.11 & 24.12 – 01.01

  • This field is for validation purposes and should be left unchanged.

Samschdeg

7°C

Sonndeg

4°C

Méindeg

7°C

Dënschdeg

9°C

Mëttwoch

8°C