Sport a Fräizäit

Spazéier- a Wanderweeër

  • Heedbaach Tour

    Iwwert d'Esplanade féiert dëse Wee duerch d'Heedbaach an de Réimecher Bësch eran. Dës Streck, déi duerch herrlech Biller iwwerzeegt, eegent sech gutt fir Ufänger.

    Higlights:
    Esplanade, Lustgarten, kleng Brécken an der Heedbaach, Neie Wee, Impasse St. François

  • Bësch Tour

    De Bësch Tour féiert duerch déi al Gaassen erop op d'Gewännchen duerch de Réimecher Bësch bis op Stadtbriedemes. Fir zeréck geet et laanscht Musel erop bei d'Schlass am Buschland.

    Highlights:
    Napoléonshout, Weiher "Éitzpoul", kleng Brécken an der Heedbaach, Lustgarten, Esplanade

  • Wéngerts Tour

    Dëse Wee féiert duerch d'Maachergaass laanscht de Wäschbuer an d'Wéngerten. Hei geet et duerch d'Réimecher Wéngerte bis erop op den Aussiichtspunkt "Scheierbierg", deen een immense Panorama iwwer ganz Réimech bitt.

    Highlights:
    Maachergaass, Ruelle des Tanneurs, Wäschbuer, Point de Vue "Scheierbierg", Institut Viti-Vinicole, Kierch, Neie Wee

  • Kultur Tour

    De Kultur Tour geet duerch déi al Gaassen a laanscht déi al Gebaier vu Réimech. Dësen Tour ass flott fir Leit, déi sech fir historesch Bauwierker an d'Geschicht vu Réimech interesséieren.

    Highlights:
    Piirtchen, Maachergaass, Al Schoul, Esplanade, Bacchus, Porte St. Nicolas, Kierch, Brill Park

  • Héichwaasser Tour

    Dësen ca. 1-kilometer laangen Trëppelwee erzielt d'Geschicht vun de groussen Héichwaasser-Katastrophen zu Réimech. Op diverse Panneauen kann een d'Entwécklung vun der Musel iwwert dat lescht Jorhonnert noliesen an op Fotoen nokucken.

  • Wanderroute

    De Wanderwee féiert duerch déi al Gaasse vu Réimech iwwert d'national Wanderroute "Sentier de la Moselle" duerch d'Wéngerten bis rop op de Goldbierg. Zeréck op den Départ geet et dono duerch de Réimecher Bësch.

  • Tour de la Mémoire

    Dësen ca. 2-Kilometer laange Wee, op der Spuere vun der Erënnerung, féiert duerch den historesche Kär vu Réimech wou fréier jüddesch Holocaust-Affer gewunnt hunn. All Iwwerliewenden an all Affer huet vum däitsche Kënschtler Gunter Demnig e sougenannte Stolpersteng kritt.

  • Lauschtour

    „Psst - Lauschtouren Miselerland“
    Eng Audioguide App!

    Entdeckt op eng interaktiv a partizipativ Aart a Weis d’Region Miselerland. Dir kënnt esou d’Region op 4 Sproochen authentesch erliewen.

    Lued Iech heivir d’App „Lauschtour-APP“ gratis erof.

    Lauschtour Réimech:
    Vun der Réimecher Esplanade spadséiere mir duerch d’Gaasselabyrinth erop bis bei d’Kierch. Dir gitt gewuer wou sech de klengste Wéngert vun der ieweschter Musel verstoppt, wéi Réimech ongewollt zum Venedeg vun der Musel ginn ass, an nach villes méi.

Touristen-Info

Gare Routière
Remich
visit@remich.lu

Tel.: (+352) 27 07 54-16

Ëffnungszäiten

Méindeg - Sonndeg:
10:00 - 17:00 Auer

  • This field is for validation purposes and should be left unchanged.

Méindeg

4°C

Dënschdeg

3°C

Mëttwoch

2°C

Donneschdeg

0°C

Freideg

0°C