Sport a Fräizäit

Tour mam Schëff

  • M.S. Princesse "Marie Astrid"

    U Bord vun der M.S. "Princesse Marie-Astrid" endeckt Dir d'Musel ganz nei. D'Marie-Astrid, déi 2010 gebaut ginn ass, huet eng Kapazitéit vu 500 Passagéier, dovun 220 bannen.
    Weider ass um Schëff alles fir de Comfort vun de Passagéier ausgeluet wat sech och a sengem luxuriéisen an eleganten Interieur weist. Sou kënnt Dir e gastronomesche Menu genéissen, während d'Wéngerte, Dierfer, Bierger an d'Bëscher Iech passéieren. Dank de Panorama-Fënstere verpasst Dir och kee Moment vun der wonnerschéiner Landschaft.
    Opgepasst Geschichtsfrënn: U Bord vun dësem Schëff, deemols nach déi 2. MS "Princesse Marie-Astrid" ass 1985 an 1990 de Schengener Accord ënnerschriwwe ginn.

  • "Roude Léiw", "River Diva" & "Muselschëff"

    River Diva: D'Haaptschëff vun Navitours iwwerzeegt op enger Längt vun 82 Meter an enger innovativer Technik, Luxus, Flair an Eleganz. Domadder bitt d'River Diva déi perfekt Ambiance fir Är Eventer.

    Roude Léiw: Dat zweet Schëff vun Navitours erméiglecht duerch säi Komfort Plaz fir verschidde Geleeënheeten.

    Nei an der Flott: d'Muselschëff

Tourist info

Centre visit Remich
touristinfo@remich.lu

Phone : (+352) 27 07 54-16

Opening hours

Méindeg – Sonndeg: 10:00-17:00
Zou:
01.11 & 24.12 – 01.01

  • This field is for validation purposes and should be left unchanged.

Dënschdeg

15°C

Mëttwoch

15°C

Donneschdeg

15°C

Freideg

14°C

Samschdeg

8°C