Kaart
Open-Air Kino
Genéisst déi lescht Augustnuechten ënner fräiem Himmel!
Eng beandrockend Kuliss erwaart Iech fir mat der Famill a Kollegen déi lescht Blockbuster a Klassiker op enger grousser Leinwand an eenzegaarteger Atmosphär ze kucken. Um Gréin erwaart Iech e Programm fir Grouss a Kleng mat passende Snacks a Gedrénks mam visit Remich Shop – Eng perfekt Geleeënheet fir e flotten Owend mat der Famill a Kollegen ze verbréngen.
Programm: weider Informatioune komme no.
D’Entrée ass gratis
*D’Filmvirféierunge sinn och bei schlechtem Wierder. Déi grouss Prabbelien um Gréin schütze viru Reen.
21 Auer | Superjhemp retörns