Back

Kaart

02.02.2019

Makadammen – ALLES FÉIK…ODER WAT????

D’Makadammen – d’Monique Mille, d’Susy Lentz, d’Théa Engel an d’Maggy Molitor, sinn zeréck zu Réimech mat hirem ganz neie Programm: ALLES FÉIK…ODER WAT????

Wat géife munnech Leit net alles maachen, fir e bekannte Star ze ginn? Dobäi muss et net gläich en internationale Star sinn, neen, och e Star hei zu Lëtzebuerg wier am Ufank schonn net schlecht.

Sou hu sech och puer Frëndinne geduecht a sech spontan op e Casting gemellt, fir hire groussen Dram z’erfëllen an an enger lëtzebuergescher Tëleeproduktioun däerfe matzespillen. Vu mentalem Striptease iwwert eng Moundlandung bis zur Zréckentwécklung zu engem Embryo, alles musse si iwwert sech ergoe loossen. Gi si an där Welt op, oder friesse si alles a sech eran, nëmme fir d’Roll vum Liewen ze kréien?

Oder ass et dach eng Welt wou alles nëmme Féik ass????


Reservatioun an Infoen:

  • Entrée: 20€ / Kanner bis 15 Joer: 10€
  • Reservatioun Entréesbillet: T. (+352) 23 69 2-1 / visit@remich.lu (Virverkaf bis den 31. Januar oder Oweskeess vun 19 Auer un)
Auerzäit: 20:00 - 22:00
Organisateur: Ville de Remich
Adress: Centre scolaire et sportif "Gewännchen"
An de Kalenner bäisetzen

Touristen-Info

Centre visit Remich
visit@remich.lu

Tel.: (+352) 27 07 54-16

Ëffnungszäiten

Méindeg - Sonndeg:
10:00 - 17:00 Auer

  • This field is for validation purposes and should be left unchanged.

Mëttwoch

33°C

Donneschdeg

25°C

Freideg

22°C

Samschdeg

25°C

Sonndeg

27°C