Back

Kaart

12.07.2021 - 13.09.2021

Elephant Parade Luxembourg | Faarweg Baby-Elefanten zu Réimech!

Tëscht dem 12. Juli an dem 13. September sinn uechtert d’Land am ganze 40 faarweg Elefante verdeelt. All Elefant ass een individuellt Konschtstéck. D’Statue vun de Baby-Elefante sinn a Naturgréisst a goufe schonn uechter déi ganz Welt ausgestallt. Zil vun der „Elephant Parade®“ ass et fir d‘Leit op d’Erhale vun den Elefanten ze sensibiliséieren
(www.elephantparade.com).

Profitéiert dovun fir dës eemoleg Ausstellung kucken ze goen a flanéiert duerch d’Akafsstroossen, ënnerstëtzt eis lokal Geschäfter a kombinéiert dës Visitt eventuell mat engem gudde Maufel am Restaurant.

E flott Gewënnspill :
Macht eng Photo vun oder mat engem vun dësen Elefanten a post se ob ärer oppener Facebook oder Instagram Säit mam #elephantparadeluxembourg. All Dag, bis den 10. September inclus, gëtt e gléckleche Gewënner gezunn deen en Akafsbong vun 100€ wënnt, fir de lokale Commerce vu Lëtzebuerg ze ënnerstëtzen. Ob Letzshop.lu entdeckt dir dann déi grouss Online-Offer vum lokale Commerce, wou dir dëse Bong dann och aléise kënnt. Weider Detailer an d’Reglement fann dir ob www.elephantparade.lu.

Kreativ-Concours :
Loosst ärer Imaginatioun freie Laf a crééiert äre faarwege Baby-Elefant, ënnert dem Thema : Promotioun vu Lëtzebuerg. Präis: de Gewënner-Elefant gëtt an Naturgréisst ëmgesat, integréiert duerno d’Elefantenherd a mécht mat der Elephant Parade den Tour ronderëm d’Welt.
Desweidere wénkt dem Gewënner eng Rees fir 2 Persounen op eng vun de nächsten Destinatioune vun der Elephant Parade.

Aktioun vun der Generaldirektioun fir Mëttelstand, zesumme mat 13 deelhuelende Gemengen (Bertrange /Bettembourg / Clervaux / Differdange / Dudelange / Esch-sur-Alzette / Ettelbruck / Junglinster / Mamer / Mondorf-les-bains / Remich / Schifflange / Steinfort) fir den innerstättechen Handel ze redynamiséieren.

Touristen-Info

Centre visit Remich
visit@remich.lu

Phone : (+352) 27 07 54-16

Ëffnungszäiten

Méindeg – Sonndeg: 10:00-17:00

  • This field is for validation purposes and should be left unchanged.

Samschdeg

18°C

Sonndeg

17°C

Méindeg

19°C

Dënschdeg

16°C

Mëttwoch

14°C