Back
Kaart
20.09.2020
Crémant a Kultur Festival
All Joers op Kiermessonndeg begréisst d’Stad Réimech Iech op hirem traditionelle Crémant und Kultur Festival. Nieft enger “Kirmes wéi fréier“ mat Dampfkarussel, Intefëschen, Zichelchen, Hau den Lukas, Nostalgie-Rieserad, stelle sëllech Kënschtler hir Wierker fir de Verkaf aus. Fir Iessen an Drenken ass natierlech och gesuergt.
Highlights:
- Kirmes wéi fréier
- Réimecher Wënzer stellen hir Wäiner a Crémanten aus
- Facepainting fir déi Kleng
- A vill aner Animatioune fir Grouss a Kleng
Concerte:
- 11h00 Crazy Bléiser
- 13h30 Äischdall Alphornbléiser
- 16h00 Vocals on tour
Auerzäit: 11:00 - 18:00
Organisateur: Ville de Remich
Tel: (+352) 23 69 2-1
E-mail: visit@remich.lu
Adress: Place Dr F. Kons, Remich
An de Kalenner bäisetzen