De Syndicat d’Initiative vun der Stad Réimech ass responsabel fir eng Rei un Aktivitéiten, déi ganz Joer zu Réimech sinn. D’Haaptaufgab läit an der Promotioun vu Réimech  a fir Visiteuren unzezéien.

De Syndicat organiséiert verschidden Eventer am Joer, déi feste Bestanddeel vu Réimech an der ganzer Regioun sinn. Ervirhiewe kann een hei den “Oldtimertreff” op Péngschtsonndeg, dat beléifte Bacchusfescht de 15. August, de Kleeschen, deen den 1. Sonndeg am Dezember am Schëff kënnt oder awer d’Ouschtereeërsich op Ouschtersonndeg.

Eng vun den Haaptattraktioune vu Réimech ass de Minigolf op der Esplanade. Et ass ee vun deene gréisste Minigolfen an der Groussregioun a gëtt vum Syndicat bedriwwen. Säit 2009 ass um Site och een 250m laange Minicar-Parcours. Ausserdeem gouf 2016 e Waasserbuer a Form vun engem Krunn um Site installéiert, deen och ganz gär vun de Visiteure fotograféiert gëtt.

Um Site vum Minigolf kann een awer och Cornhole spillen, Vëloe lounen oder e Wine Hike buchen – eng perfekt Méiglechkeet fir gläichzäiteg d’Regioun ze entdecken, e bësse Sport ze maachen an déi lokal Wäiner ze schmaachen.

De Syndicat d’Initiative leet e granze grousse Fokus op de Service um Client an dat vun der Begréissung iwwer d’Bereetstellung vu Broschüre bis zur Berodung. Méi Infoe kritt Dir an der Tourist Info, um Rez-de-Chaussée vum Centre visit Remich, dat vum renomméierte lëtzebuergeschen Architekt François Valentiny designed gouf.

Geschicht an Hannergrond vum Syndicat

De Syndicat d’Initiative et de Tourisme vun der Stad Réimech gouf 1965 gegrënnt an eis eng gemengnëtzeg Organisatioun. Dowéinst si mir op de Benevolat ugewisen a freeën eis iwwer all Fräiwëllegen, deen eis wëll a wéi enger Form och ëmmer hëllefen. Wëll Dir gär Member beim Syndicat ginn oder op fräiwëlleger Basis bei eis matschaffen, da schéckt eis einfach eng Email op syndrem@pt.lu. Konditioune ginn et keng. Gutt Laut an einfach Loscht fir eppes fir Réimech ze maache ginn duer.

Iwwert de Syndicat

Präsident: Luc Thillmann
Vizepräsident: Guy Mathay
Kassierer: Martine Funck
Sekretär: Marc Bamberg