Impressum

Editioun – Gestaltung – Entwécklung vum Site

Dëse Site gëtt vun der Stad Réimech editéiert.

De Site gouf vu Lightbulb realiséiert, a gëtt och vu Lightbulb hebergéiert.

Wann Dir Froen iwwer dëse Site a säin Inhalt hutt oder d’Stad Réimech kontaktéiere wëllt, da schéckt w.e.g. Är Noriicht un d’Adress muriel.kayser@remich.lu oder benotzt de Kontaktformulaire op der Internetsäit.

Rechtlech Aspekter

D’Stad Réimech ënnerhält dëse Site, fir dem Publikum Zougang zu Informatiounen iwwer d’Stad ze erméiglechen. Zil ass et, aktuell a korrekt Informatiounen ze verbreeden. Mir beméien eis, Feeler, déi eis matgedeelt ginn, ze verbesseren.

D’Stad Réimech iwwerhëlt awer ënner kenger Form Verantwortung am Zesummenhang mam Material, dat um Site publizéiert gëtt: d’Stad Réimech lehnt all Verantwortung fir d’Benotzung vun den Informatiounen aus de Säiten, déi op dësem Site verëffentlecht ginn, of.

Den Inhalt gëtt zu Informatiounszwecker verëffentlecht. En ëmfaasst Informatiounen, déi ënner Ëmstänn net komplett, vollstänneg, exakt oder aktuell sinn. Am Fall vun Divergenzen tëschent den Texter, déi op dësem Site publizéiert ginn, an den Originaldokumenter, gëllen d’Originaldokumenter an hirer verëffentlechter Form.

De Site verweist heiansdo op extern Sitten, op déi d’Stad Réimech keen Afloss huet a fir déi si keng Verantwortung iwwerhëlt. D’Stad Réimech ass net responsabel fir Schied, déi duerch d’Benotze vun dësem Site un Ärer Computerinstallatioun entstoe kéinten. Dës Klausel iwwer den Ausschloss vun der Responsabilitéit déngt net dozou, Ufuerderungen aus de uwendbare Gesetzer ze ëmgoen oder d’Responsabilitéit an deene Fäll auszeschléissen, an deenen se opgrond vun de genannte Gesetzer net ausgeschloss gi kann.

Dateschutz

Bei den Donnéeën, déi op eisem Site gesammelt ginn, handelt et sech ausschliisslech ëm perséinlech Donnéeën, déi Dir fräiwëlleg gespäichert hutt, zum Beispill andeems Dir Iech op d’Newsletter abonnéiert oder eise Kontaktformulaire benotzt hutt.

Si ginn op kee Fall un eng kommerziell Gesellschaft oder eng aner Organisatioun baussent der Stad Réimech weidergeleet.

Dem Kapitel VI vum Gesetz vum 2. August 2002 iwwer de Schutz vu Persoune beim Traitement vu perséinlechen Donnéeën no (méi doriwwer op http://www.legilux.lu/) verfüügt Dir iwwer verschidde Rechter, dozou zielt besonnesch d’Recht, op d’Informatiounen, déi Iech betreffen, zouzegräifen, a falsch Informatiounen ze verbesseren. Wann Dir dës Rechter ausübe wëllt, da schéckt w.e.g. eng Noriicht un d’Adress dpd@remich.lu oder benotzt de Kontaktformulaire .

Copyright

© Stad Réimech

Wann näischt anescht uginn ass, ass d’Reproduktioun vun den Informatiounen, déi op dësem Site verëffentlecht ginn, fir net kommerziell Zwecker erlaabt, ënnert der Konditioun, datt d’Quell ausdrécklech genannt gëtt.

Cookien

Dëse Site benotzt Cookien, fir de Confort vun der Benotzung an Ärem Browser ze verbesseren an anonym Statistiken iwwer d’Notzung um Site ze erstellen. Andeems Dir Är Navigatioun op dësem Site fortsetzt, akzeptéiert Dir den Asaz vu Cookien.

Tourist info

Centre visit Remich
touristinfo@remich.lu

Phone : (+352) 27 07 54-16

Opening hours

Méindeg – Sonndeg: 10:00-17:00
Zou:
01.11 & 24.12 – 01.01

  • This field is for validation purposes and should be left unchanged.

Donneschdeg

7°C

Freideg

12°C

Samschdeg

11°C

Sonndeg

14°C

Méindeg

8°C